Wat ass ComEtt?
De projet d’établissement vum LTEtt ass séit 2007 an der Maach. Séin Haaptsujet ass et, de Schüler eng nei Method fir d’Beruffsorientéierung ze bidden. Et solle Reportagen entstoen, déi Beruffer aus der Schülersiicht duerstellen.
Wei gëtt dat gemaach?
De ComEtt geseit fir, Schüler an d’Basiswëssen vun der Filmproduktioun anzeweien. Dat bedeit also, dass déi orienteirungstypesch Klassen (wei 9e) ënner Uleedung vun dem NTIC/INFOR Proff an dem ComEtt team a folgend Techniken ageweit a geschoult ginn:
- Script erstelle
- Froebou entwerfen a perfektionéiere
- Koordinatioun an Organisatioun vum Filmevent
- zesummestellen (Schneiden) vun de Filmer
- eroplueden op en Internet Websäit
All dës Technike ginn an enger Optioun vermëttelt an d’Schüler kennen duerch eng Aktiviteit extrascolaire hire Know-how nach vergréisseren.
Wien hellt deel?
De PROET ass offe fir jiddereen, dee wëllt. Wann et och primär em Orienteierungsklassen geet, sou ass awer all Schüler aus all Niveau wëllkomm. Sou hu mer och schons projet’en mat 01EE, T1EL oder 11CM Klassen gemaach!
Wei kann ech deelhuelen?
Fier vum ComEtt ze profitéieren, muss ee Proff am LTEttelbreck sinn. Dono einfach eng E-Mail un eis riichte mat enger klenger Beschreiwung wat ee wëllt maachen!